Déi néi Eegeproduktiounen vu MeeKand - designed in Luxembourg

Als alleréicht emol, e puer Wierder zu éiser Arbescht an eisem Stoff.

Eise Stoff gett vu eis entworf. Designs sinn all handgemolt, op Programmer designed an deels mat eiser Handschrëft (little Monster, Bee awesome, pearfect,..) versinn.

Natirlech sinn och all déi Designs geschützt.

 

Nodems mir dann Stonnen an Stonnen dru suutzen, gi mir eisen Design an eng Fabrik an Daitschland an Optrag wou en dann an Klengserien fir eis produzéiert gett. Mol ass daat normalen Jersey, mol Kotteng, mol Minky, mol Musselin.. daat haenkt emmer vun der Jooreszäit, dem Design an villen aaneren Saachen oof.

 

Vue datt eise Stoff also net irgendwou an der Welt fir e klenge Präis produzéiert gett an mir ganz vill Wert op Bio an Ethik lee'en, kascht eis de Stoff allkéiers e klengt Verméigen. Qualitéit huet tatsächlech nun mol hire Präis, mais fir eis ass et null vereinbar mat toxeschen Faarwen oder vun Kannerhand eis Stëfter gefierwt ze kréien!

 

Et ass soumat och kee Geheimniss, datt e Meter vun eisem Stoff baal de Präis vun 2 Meter Stoff vun soss enzwousch hunn. D'Präisser leien am Verkaaf bei eis em 34,95-39,95€/Meter. E Stoffbuttek deen mat eis well zesummen schaffen an eis EP's bei sech am Rayon well leien hunn, kritt vun eis genau esouvill Stoff wei en es well. Net nemmen daat, mir puschen natirlech all eis Partner an maachen och fir Iech mat Werbung. 

 

Waat dir vun eis kritt ass e Stéck Lëtzebuerg, eppes ganz feines. Eppes waat een neierenz esou fënnt, an verléift sidd dir bestëmmt schon :D soss geng dir dat hei net liesen <3

 

Fir all eis Clienten gëllt ab den Datum xy de Virbestellungspräis vun 34,95/Meter op jeglechen Jersey.

Dësen Datum gi mir geschwenn bekannt an dir hutt e puer Deeg fir ze bestellen (gëllt och fir Partner mee mei Infos kritt dir iwer Email   info@meekand.lu )

 

 

EP: Pearfect, Kéisécker & Grompereking

MeeKand Egeproduktioun

Den Hierscht gett Zocker.

Egeproduktioun Kéisécker:

De Kéisécker gett vun Iech einfach sou geliebt. Dëse Stoff ass einfach mee emsou méi schéin.

Faarwen sinn senf, sand, brong, beige, ..Erdtéin eben. passend zum Hierscht, faarwegen Blieder an en Hikuker bei tristem Wieder.

 

Egeprodutioun Pearfect:

Zum Hierscht gehéieren einfach Bieren. Dess Bieren sinn awer extra cool.. hudd dir hier Schung scho mol gekukt? 

Emginn vu lauter Häerzer an enger "pearfect" Obschreft déi einfach alles seet.. an dei gréng Faarw... wann een domat net opefällt.

 

Egeproduktioun Grompereking:

Wee kënnt en net? all Kand.. Hierscht ass Gromperenzäit. Eise Grompereking kennt grad aus dem Feld an huet nach d'Stiwwelen un, huet awer richteg Loscht op Gromperekichelcher.. mat sengem Zauberbräilëffel, all den Zutaten an virun allem enger gudder decker Charlotte geet et lass.

 

Eis Stëfter sollen Geschichten azielen, Erennerungen rem faarweg maachen an einfach frou maachen.

 

w.e.g variant an Unzuel vu Meter auswielen. Méi wéi 1M? dann de Produit einfach e puer mol uklicken oder am Wuerekuerf d Unzuel äenneren.

34,95 €

  • de Moment net ze kreien