ab 15.9 bestellbar

absolut eenzegarteg.

w.e.g duerchliesen 

Info zur Commanden vun Jacketen, Mutzen, Overalls, Ensembles...

 

Sicht Iech pro Jacket oder Overall 1 Motivstoff, 1 Unistoff, 1 Steppstoff an 1 Bündchenfaarw aus.

Mutzen bestinn emmer aus engem MeeKandmotivstoff an engem Unistoff oder Steppstoff.

Loops a Fiché'en aus Musselin (Musselinfaarwen fann dir bei Fabrics&Designs) just eng Musselinfaarw.

 

Mir mixen keng Motivstoffer aneneen an e Produit oder Ensemble :)

 

Bild 1. Steppstoff / Bild 2. Jersey uni / Bild 3 Bündchen / Bild 4 Motivstoff

Motivstoff vun uewen no ennen: little monster, Aeppelchen, Pearfect, Kéisécker a Grompereking

Easy Beanie

Eis Stoffegeproduktiounen op aere Käpp <3

deng Taille ass net do? schecke eng email op info@meekand.lu 

Momentan ass de Kéisécker komplett vergraff bis an ca 14 Deeg an och den Aeppelchen gett knapp. 

 

Du sichs nach e passenden Schal? am bäschten nach mat Numm oder passendem Motiv? wanns du bessen roofscrolls kenns du bei d Musselin Fiché'en bzw Loops(fir dei mei grouss) 

24,95 €

  • ze kreien
  • op Stock

Pumpi "Boo" Halloweenspecial

Pumpi mat groem Bündchen u Bauch a Been, an gro gesträfter Fisselle.

Wiist mat 

 

Dësen Special gett et just ganz kuerz vun Enn September bis Mett Oktober

an och baal just als Direktkaafstecker

fehlt är Gréisst maacht eis eng PN 

24,95 €

  • ze kreien
  • op Stock

Salopette 68/74

Salopette am 68/74 mat brongen Jerseydruckknäpp an groem Bündchen un de Féiss

 

Dësen Special gett et just ganz kuerz vun Enn September bis Mett Oktober

an och baal just als Direktkaafstecker

fehlt är Gréisst maacht eis eng PN 

34,95 €

  • de Moment net ze kreien

EasyBeanie

E Beanie geet emmer.

Uewerstoff MeeKandmotivstoff, Bannenstoff en Unijerse oder Musselin(Musselinfaarwen fann dir Fabrics&Designs - Musselin ass net sou deck)

w.e.g uginn welche Motiv an Unistoff soll verschafft ginn & Gréisst auswielen.(geet no Kappemfang also w.e.g Mossen oder mat enger gutt passender Mutz vergleichen)

26,95 €

  • de Moment net ze kreien

Mutz mat Fisselen

eng eng uléiend Mutz dei iwert den Oueren mei laang ass an no ennen hinn Fisselen huet dei een kann ennert dem Kenn festknueden kann.

Perfekt fir dei mei kleng ennert eise Butzen

1 Motivstoff aussichen an een Uni Jersey oder Musselinstoff fir bannen(mat Musselin ass se net esou deck- Faarwen fann dir bei Fabrics&Designs)

 

Gréissten ginn no Kappemfang - w.e.g emmer Gréisst driwwer huelen.

20,95 €

  • de Moment net ze kreien

Pyjama

Pyjama aus engem MeeKandmotivstoff Eendeeler

Jersey ongefiddert

ennen mat Knäpp

Féissercher just bis T.74 ab T.80 mat Bündchen

Aerm an Halsbündchen

 

Bearbechtungszäit je no Ustuerm ca. 2 Wochen wann driwwer soen mir bescheed.

30,95 €

  • de Moment net ze kreien

Tshirt

Dësen Tshirt ass hannen méi laang wei vir.

En huet Bündchen un Hals an Aerm.

28,95 €

  • de Moment net ze kreien

Pull/Longpull

De Pull ass en normalen Longsleeve mat Bündchen un Hals an Aerm an ass m Bauch normal ofgesteppt

De Longpull ass en laangen Longsleve deen bis iwer de Popo geet an och e bessen labber setzt, an huet Bündchen ennen.

Och Jongen können deen undoen en ass net talléiert.

Motivstoff oder Unijersey uginn a Gréisst auswielen(fir et als Ensemble ze droen rode mir, entweder Tshirt/Pull oder Pumpi/Leggings am Motivstoff, soss gesäit et seier to much & no Pyjama aus)

31,95 €

  • de Moment net ze kreien

Pumpi

Pumpi kann am MeeKandmotivstoff oder Jeansstoff passend zum Pull gemaach ginn.

w.e.g Auswahl an d'Umierkung an der Kees schreiwen.

24,95 €

  • de Moment net ze kreien

Leggings

Eis Leggings kann aus Uni Jersey oder eisen MeeKandMotivstoffer gemaach ginn, ausgewielten Stoff dofir an der Umierkung an der Kees uginn.

 

26,95 €

  • de Moment net ze kreien

Salopette

mat Pulli (uni ouni Bild, a passend an engem vun de Faarwen zum Rescht  (( beim Kéisécker zb taupe, beim Grompereking giel oder bei de Bieren Khaki)) , hudd dir awer eng Faarwpräferenz, sicht iech en uni Jersey raus a gitt se w.e.g mat un )

**weg net net un de Biller orienteieren, dess Faarw vum Pulli gett et zb net mei!! orienteiert Iech un der Lescht uewen. Merci

Salopette am MeeKandMotivstoff w.e.g ugin weieen(Kéisécker, Grompereking, Pearfect, Aeppelchen)

leiwer Bündchen bei de Féiss? gitt och dat w.e.g mat un(grad bei de mei klengen Gréissten besser)

Wiisst mat dofir Duebelgreissten. fäellt lässeg aus

 

mat Plott ass mat passendem Bild - allerdings ass se grad esou schéin ouni Plott (meng Präferenz!)

 

59,95 €

  • de Moment net ze kreien

Iwergangsjacket

Iwergangsjacket aus Steppstoff.

D'Jacket huet emmer:

-eng Täschelchen vir mat passender Applikatioun oder Plott

-en passenden Plott um Reck 

-passend Fuerwen vun Kamsnaps(Drockknäpp)

 

Zur Auswahl stinn, 3 Steppstoffaarwen eng vun deenen w.e.g uginn.

Bannenstoff Auswahl w.e.g uginn(deen kennt an Reck etc.)an ass emmer uni.

MeeKandmotivstoff w.e.g uginn 

w.e.g Taille wielen.

 

Kann ab 15.9 bestallt ginn 62-116

dierf enner kengem Emstand an den Trockner a muss an der Wäsch op lenks gedreint ginn)

 

69,95 €

  • de Moment net ze kreien

Overall

Den Overall ass baussen aus Steppstoff a bannen aus Uni Jersey bzw an der Kapuz ass emmer eise Motivstoff verschafft.

Um Reck vum Overall ass  e Plott passend zum Thema, un der Kapuz befannen sech faarwlech passend Zipfelen.

Den Overall huet Bündchen un Aerm a Been an Kamsnaps vun Hals bis Bauch

mat stylescher Bauchtäsch 

 w.e.g uginn: welch Faarw vun Steppstoff, Jersey uni a Motivstoff

 

dirf net an den Trockner an muss op lenks an der Machine gedreint ginn.

74,95 €

  • de Moment net ze kreien

Kéisécker Mug

Fir datt och déi grouss eppes vum Hierschtspecial hunn, ginn et dessen Hierscht nach engkéier Taasen <3

Dësskéier mam Kéisécker mat Brell an Hierschtlechen Faarwen (taupe, brong, ocker) passend bei de Kéiséckerstoff 

 

designed in Luxembourg

 

11,50 €

  • ze kreien
  • Liwwerzäit 2- 4 Wochen

Kéisécker Minkydecken Hierschtspecial

 

Den absoluten Special ass dësen Hierscht, eis mega musseg Minkydecken.

Dir könnt se am 100x100 oder 100x140 bestellen.

Mat kuschelegem Teddy oder Waffelpiqué hannen.

 

t ass eng First fir eis. nach nie gouf et eng MeeKanddesigndecken a scho guer net aus sou engem Wahnsinnsstoff.

en ass genau esou kuscheleg wei en ausgeseit.

 

ganz wichteg w.e.g uginn:

- Faarw taupe, petrol, sand oder rost

petrol an taupe sinn unisex, sand an rost sinn girlie.

an den Hannegrond Teddy oder Waffel, d Faarwen vum Waffel fann dir bei fabrics&designs 

den BaamwollTeddy ass emmer natur(wäiss)

 

all bestallten Decken tescht 14.9 an 21.9 ginn den Oktober raus

 

69,95 €

  • de Moment net ze kreien

Kidsloop onsize

Kidsloops sinn emmer IN 

Summer wéi Wanter

zemols am Musselin deen total otmungsaktiv ass an gleichzeiteg warm hällt.

Faarwen fann dir bei Fabrics&Designs Musselin

 

30° wäschbar - Trockner ok

19,95 €

  • ze kreien
  • op Stock

Fiché 2- 4J

De Fiché ass als Halsduch oder och als Kappduch verwendbar

Iwer 30 Motiver (ze fannen bei fabrics&designs)

den Numm drop? och keen Thema w.e.g auswielen    

(den 2-4 J geet och vir mei kleng Kids - ass eben dann just nach bessen grouss als Kappduch zb.)

Faarwen fann dir bei Fabrics&Designs * Musselin* 

 

w.e.g auswielen & Faarw an der Umierkung an der Kees uginn

 

De Fiché gett eenzel fir dech ugefertegt - kann also e puer Deeg daueren - Emtausch ass wei bei all MeeKand Saachen ausgeschloss dar Enzelufertegung.

26,95 €

  • ze kreien
  • op Stock

Fiché 5-7J

De Fiché ass als Halsduch oder och als Kappduch verwendbar

mega mellen Musselin

Iwer 30 Motiver (ze fannen bei fabrics&designs)

den Numm drop? och keen Thema w.e.g auswielen    

 Faarwen fann dir bei Fabrics&Designs * Musselin* 

 

w.e.g auswielen an d Faarw an der Umierkung an der Kees uginn

 

De Fiché gett eenzel fir dech ugefertegt - kann also e puer Deeg daueren - Emtausch ass wei bei all MeeKand Saachen ausgeschloss dar Enzelufertegung.

27,95 €

  • ze kreien
  • op Stock

Fiché 8+

De Fiché ass als Halsduch oder och als Kappduch verwendbar

Iwer 30 Motiver (ze fannen bei fabrics&design)

den Numm drop? och keen Thema w.e.g auswielen   

 

Faarwen fann dir bei Fabrics&Designs * Musselin* 

 

w.e.g auswielen an d Faarw an der Umierkung an der Kees uginn

 

De Fiché gett eenzel fir dech ugefertegt - kann also e puer Deeg daueren - Emtausch ass wei bei all MeeKand Saachen ausgeschloss dar Enzelufertegung.

29,95 €

  • ze kreien
  • op Stock