Commanden ginn reicht no Zuelungsagang ageplangt a verschafft!

 

Update: Wardezäit: steet ennert all Produit

w.e.g orienteiert Iech net un de Stefter an de Rullen op de Fotoen, d Fotoen sinn deelweis 1/2/3 Joer aal an dei Stefter net mei ze kreien! wann dir Problemer beim zesummensetzen hudd oder guer net wösst waat huelen, iwerhuelen mir och dei Aufgab :-) einfach en ongefeiert Faarwshema uginn a mir maachen de Rescht :-)

Decken 80x80

 Decken am 80x80 

Vir: Wafeflpiqué (Faarw uginn! Ocker, rosa, mint, blue, taupe, anthrazit)

Hannen: Minky

 

vun Mett Mäerz bis August ongefellt!

 

30° Wäschmachine

KEEN TROCKNER

 

-eent vun eisen iwer 50 MeeKand Motiver(fann dir bei Stoffer&Design)

- Numm uginn

-wann Schnick Schnack ( Putsch, an Applikatiounen) passend zur ärer Auswahl dozou gemaach soll ginn(siehe Bild 1) w.e.g auswielen.

64,95 €

  • available
  • Liwwerzeit bis zu 4 Wochen

Fréijoer/Summer Einschlagdecken

Fréijoer/Summer MaxiCosi Einschlagdecken an verschiddenen Varianten

W.E.G auswielen(!)

Frottee - Musselin, Waffel - Musselin, Minky - Musselin oder Waffel - Minky  bzw + Motiv (Drepsen, Haerzer, Staeren, oder en Motiv Kapp -> Platztechnesch keen ganz Motiv)

 

Stefter a Motiv fann dir an der extra ugeluechter Rubrik (Stoffer&Designs Einschlagdecke) w.e.g dann dementspriechend uginn, Merci <3

Och d'Egenproduktiounen wei Rainbow, Botanical an you are my universe stinn zur Auswahl, allerdings dauert et bei deenen 1-2 Wochen mei laang wei déi normal Wardezäit, well dei speziell op de Client bestallt ginn.

 

D'Einschlagdecken sinn anescht wei d'Wanterfousssäck, net gefiddert bannendran! 

Den Schnatt ass ausserdem anescht an et gett och keen Klettverschluss fir en ze verschleissen.

Allerdings huet en genau wei de Wanterfousssack eng Art Kapuz an Schlitzer fir den 3Punkt Gurt.

74,95 €

  • not available

Stellkessen to go

Stellkessen to go 

Uewen Baamwollstoff

Bannen Minky

liicht gefellt 

Faarwen an der Bemierkung un der Kasse uginn!

 

wäschbar 30°

 Foto: Natascha Bintz Model, Blogger & Mom (instagram: nataschabintz)

29,95 €

  • available
  • Liwwerzäit bis zu 2 Wochen

Commande housse carnet de santé

Commande fir eng housse fir de carnet 

An der Bemierkung w.e.g Faarw vum Ennergrond uginn ( hei op der Foto sinn se all!!)

blo, pink, rosa, taupe a gro

Welch Motiv ( Fuuss, Koala, Bär, Lama, Bambi, Wäschbär, Einhorn an Hues, Léiw, Tiger) an waat fir en Design (Wimpelketten, Ballons oder Staeren)

 

W.e.g auswielen tescht

*Motiv

*Motiv an Numm          oder

*Motiv, Numm an Datum

 

 

net wäschbar

29,95 €

  • available
  • Liwwerzäit bis zu 2 Wochen

Mamacado Housse fir de carnet de maternité

Housse fir den letzeboieschen carnet de maternité mat witzegem MeeKand Plott "Mamacado" 

w.e.g Ennergrondfaarw wielen.

 

net wäschbar 

 

Soll et fir den Däitschen Mutterpass sinn w.e.g an d'Bemierkung dran schreiwen dann maache mer daat.

34,95 €

  • available
  • Liwwerzäit bis zu 2 Wochen

Carnet de Maternité

Housse fir de carnet de maternité

Design by MeeKand  

Housse selwer ass aus Filz den Deckel aus Kotteng.

En Lastik hällt d'Housse zou sou datt näischt rausfällt an ä Pabeieren secher agepaak sinn.

an der Housse befendt sech nach en Schlitz fir Rdv's Kaarten oä.

 

w.e.g auswielen: 

- mom to be, Mutterpass,  carnet de maternité oder coming soon

 

w.e.g an der Umierkung an der Kees uginn:

-Faarw vum Deckel (Foto)

-Hierscht/Wanter oder Freijoer/Summer

 

wanns du eng speziell Hoerfaarw wells oder eng Faarw vu Rack oder Pulli oder Schung kanns du daat och gaer matuginn. 

Wann deng Hoer blond sinn muss du natirlech keng brong huelen :-) einfach dobäi schreiwen.

 

Soll et fir den Däitschen Mutterpass sinn w.e.g an d' Bemierkung dran schreiwen dann maache mer daat.

34,95 €

  • available
  • Liwwerzäit bis zu 2 Wochen