Hei déi wichtegst Infos rondrem d'Bestellen bei MeeKand:

 

All véier Wochen machen mir d'Léitungen fir eng Zäitchen op. Daat kann en Dag sinn, zwee Deeg - daat kann awer och munchmol just 30mins daueren, bis mir se rem mussen zoumaachen well eise Plang komplett ass. Daat ass déi eenzeg Saach déi net an eiser Hand léit - wéilaang d'Léitungen op sinn. 

 

Zur Bestellung:

Dir sidd lo am shop, d'Léitungen sinn op, an bestellt gär äer Rull, Decken, ...dann hunn ech héi schon e wichtegen Tipp fir Iech - wann dir Iech e puer Deeg bevir d'Léitungen opginn schon en Spickziedelchen mat Stoffauswahl etc gemaach hutt spuert dir onmoosseg Zäit - dir musst net wärend aanerer schon vergnügt shoppen an op eisem Plang landen, fir d 'éicht mol d'Stoffauswahl checken, waat sou bei waat kéint passen etc etc.. daat kascht Zäit an Iech och eng "méi fréi" Plaatz um Plang, well bei eis gellt nach wie vor de Prinzip  " wer zu erst kommt..".

Wann dir also schon ären Ziedelchen pret hutt an d'Léitungen um 14h opginn verfahlt net a Panik - alles mat der Rouh soss geschéie Fehler oder dir vergiésst eis wichteg Infos matzedeelen.

Dir gitt direkt bei "Bedbuddies" a wielt Iech äre Buddy aus, den Style (ganz wichteg! - floral, boho oder standard - dei jeweileg Styles - waat waat ass - sinn bei der Rubrik "Bedbuddies uewen gezeechent") an ob mat oder ouni Numm, an leed äre Produit an de Wuerekuerf. Wann dir fäerdech sidd an alles hutt, begitt dir Iech an äre Wuerekuerf an do fann dir ennen eng Köschtchen wou dir är Stoffzifferen ugitt an den Numm wann deen och drop sollt. Dann muss dir just nach an d'Kees goen a bezuelen - iwer Paypal, Visa oder Vorkasse(daat ass eng normal Bankiwerweisung - virement)

  Daat war et och schon - dir wandert op eise Plang. Wini dir allerdings dru kommt steet neierenz genau, daat hänkt vu villem oof.. wann dir den 3ten sitt dann dauert et vlt 2 Wochen wann dir den 15 sitt 4 an den 30 waard dann vlt 6 Wochen dofir ass vun 2 bis 6 Wochen alles op - daat heiert sech laang un - ech perseinlech hunn awer festgestallt, datt 90% vun de Clienten mir eng Mail maachen wann se hier Email kruuten datt hier commande verscheckt gouf - datt et nawell séier gaang ass.. Ausserdem sinn mir keng Fabrik - och wann mir hirstellen bzw produzéieren. Bei eis kritt all commande déi voll Opmirksamkeet an all Detail gett op d'commande ugepasst. Daat dauert Stonnen. 

Wichteg an de But um ganzen ass - dir hutt dono een voll hirgestalten Produit aus Lëtzebuerg, genau sou wéi dir en wollt, dir konnt all Detail eenzel auswielen, an mir stierchen immens vill Léift dran. 

 

Dëss Infos gëlten bei all eise Produiten.

Infos waat de Produit selwer ugeet, fann dir ennert der jeweileger Rubrik an dem Produit selwer.

 

Wichteg ze erwähnen - bei eis ass all Client nämlecht an ween fir d'éicht do war gett fir d'éicht sérvéiert! Emails oder Pn's mat - meng Frendin kruut awer schon virgeschter säi Kand, meng Schwester brauch et wa méiglech scho geschter oder - meng Fraa huet schon 10x bei Iech kaaf oder mengem Papp säi Cousin war mol engkeier Generol bei...(mir kruuten scho sou munsch intressant email :) ), gelten fir eis net dringlesch! Hanner all commande setzt eng Mamm dei hiren Nowuess ganz baal erwaard an sech op d'commande freet, hanner all commande setzt en Mann dee senger Fraa well eng Iwwerraschung maachen, hanner all commande setzt eng Persoun déi egal ween se ass wichteg fir eis ass.. an keen ass bei eis méi wärt! egal op en fir d'éicht bestellt oder fir 30st Kéier! Emailen déi eis also "sollten" Drock maachen - zéihen net. Wann dir séier e Kaddo braucht kukt ennert eiser Rubrik Stock -  bestellt e Kaddosbong deen d'Mamm irgendwann an aller Rouh selwer aléise kann ouni Stress a wéi sie well - oder hutt Gedold a waart bis d'Léitungen op sinn. 

 

Great things take time <3

ärt MeeKand

(p.s ween Tippfehler fennt, kann se haalen ;) )