Iwer MeeKand

MeeKand ass eng kleng Manufaktur am Nordwesten vun Lëtzebuerg.

 

Mir sinn d'Mandy an den Diego, Mamm a Papp vun 2 Kanner(Jong an Meedchen) bestued an Grënner vu MeeKand.

Entstaan ass MeeKand no der Gebuert vun eisem zweeten Kand.Eis ass opgefall datt et zwar emmer rem néies gett, et awer schued ass datt daat jiddereen huet an mer wollten fir eis Kanner einfach Saachen déi soss keen huet - also einfach eenmooleg ❤

Säit Ufank 2019 designen mir och eisen eegenen Stoff, deen an Good old Germany fair, ökologesch an biologesch gedruckt gett, an deen een bei eis hei kaafen kann, verschafft an och an der Meterwuer, fir sech selwer eppes draus ze zauberen.


Déi restlesch Stéfter kaafen mir bei ausgewielten Stoffhändler a Marken am Nopeschland.

All Stéck Stoff gett bei 60° virgewäsch, sou datt de Stoff weder agoen nach verfiérwen kann.

All Stoff ass Schadstofffréi an gepréift! Bio an Ökotex.

D'Idee'en ginn all getest vun eis an eisen Kanner genau wéi ausgewiélten an onoofhängeg Testpersounen (Mammen) fir sou vill wéi méiglech verschidden Avis'en ze hunn am Fall vun Optiméirungen! Réicht wann jidder Bedeelegten zefridden mam Produit ass gett et en och bei MeeKand ze kaafen!

Néiegkeeten ginn et emmer iwer eis Facebooksäit oder iwer Instagram(meekand_lux), do gesidd dir emmer u waat mir grad esou schaffen a wéi ech schaffen. Mir huelen Ierch sougesinn mat an mden Alldag vu MeeKand ❤

 Ausserdem fann dir ennert der Kategorie *play, eat, speel, repeat* 

flott Spillsaachen vun ausgewielten Händler.

Holzspillsaachen fir Kids vun 0-6 Joër, Laafrieder, Trottinetten, Spillstroossen dei een am Waasser, Sand, Graas a Schnéi notze kann. Bei eis fann dir lauter Newcomer Spillsaachen.

 


Passend Schung zu eiser Egeproduktioun *little monster* an *rainbow boy a girl* fann dir bei www.notlikeyou.com - kollektioun. Vun Taille 27 bis 46.5 fënnt do all Fouss seng MeeKand Schung 

 

 

 

 

Ofiziellen Reseller vun:

Goki, Wobbelboard, Way to play, Aykasa an Scoot&Ride