Housse fir den carnet de maternité

 

 

Mir kruuten immens oft Norichten datt vill Mammen just Ziedelen kréien an keen carnet de maternité méi.

Och kréien vill Mammen ennerschiddlech grouss carnet´en.

Fir datt endlech jiddreen d´Méiglechkeet huet vun eiser Housse ze profitéieren ouni datt et fir an hannen rem net passt hu mir eis fir eng ganz aner Variant vun Houssen entscheed.

eng 3-deeleg Farde mat engem ganz néien Design.

Hoerfaarw an Hauttoun souwéi d´Faarw vum Kleed kann Iech ugepasst ginn

Och verschidden Blummenkränz stinn Iech zur Auswahl

Eng Personalisatioun wéi ären Numm, Mom to be, Mutterpass, carnet de maternité oder oder oder bidden mir natirlech och rem un :) 

Gitt w.e.g Hoerfaarw, Kleedfaarw an Personalisatioun un :)

**d´Faarwen am Blummenkranz können net geännert ginn**

gedruckt op ökoloeschem Pabéier, Farde recycelbaren Plastik EU Hirstellung

19,95 €

  • ze kreien
  • op Stock

Mom bag

 

An äeren 4 beléiftesten Faarwen oldrose, schwarz, camel an sand

Et ass een "Schmeiss-alles-dran" Saak also perfekt ab deem Dag wou een als Mamm just nach de Baggage an d'Snacks vun de Kids kann droen wäerend een seng eege Saachen doheem vergesst ;) 

De ganzen Bag ass handgemaach aus mengem perséinlechen (nierft Musselin natirlech) Lieblingsstoff Cord (desen ass méi grob gestreckt wéi um Beispillbild)

D'Henkel sinn extra breed datt se och angenehm op der Scheller léien.

De Patch ass aus veganem Lieder.

D'Fudder ass bei oldrose am nuderosa, bei schwarz am schwarz an bei stone am stone an aus ganz feinem Léngent, sand am sand an khaki am khaki.

 

OUNI MOM BAG PATCH geet och :) einfach an der commande uginn datt dir keen wellt.

 

Gréisst: ca. 58*48

 

alles kann bei 30° an d'Wäsch awer net an den Trockner.

57,95 €

  • ze kreien
  • Bearbechtungszäit 2-4Wochen

Musselinschal fir déi grouss

Mom Scarfs an villen schéinen Faarwen

de Mom Scarf besteet aus Musselin - super mell an angenehme Stoff

100% Baamwoll

hällt warm awer ass gläichzäiteg Loft duerchlässeg

de Schal ass 120*120 breed an kann och super als Babydecken am Summer oder Sichtschutz fir ze nieren bzw iwert d Pousette oder am Parc etc genotzt ginn. T ass einfach een Allrounder an daat well et einfach esou e super angenehmen Stoff ass.

Farwen fann dir bei Stoffer * Musselin*

oofgesteppten Kanten

 

En dierf an d Machine bei 30° an och an den Trockner

Secher dir däin Allrounder fir all Joereszäit

34,95 €

  • ze kreien
  • Bearbechtungszäit 2-4Wochen

Scrunchie

Fir de perfekten Mom bun

verschidden Faarwen a Materialien.

Musselin, Cord, Leinen.

Aus den Leftovers vu Mombags, Swaddles a Musselinschaler gemaach #lesswaste

w.e.g auswielen - Fotoen sinn der Réih no

4,00 €

  • ze kreien
  • op Stock

Stellkessen to go

Stellkessen to go 

Uewen Baamwollstoff

Bannen Minky

liicht gefellt 

Faarwen an der Bemierkung un der Kasse uginn!

 

wäschbar 30°

 Foto: Natascha Bintz Model, Blogger & Mom (instagram: nataschabintz)

29,95 €

  • ze kreien
  • op Stock