All eis Produiten fann dir an eisem Shop.

Enner all Produit fann dir d'Bearbechtungszäit, dess kann tescht 2-4 bzw 5-12 Wochen an Usproch huelen.

Produiten ennert deenen "op Stock" steht ginn no Zuelungsagang ofgescheckt. 

 

All Produit gett individuell fir Iech hei a Letzebuerg produzéiert.

Dir kennt sou zum Beispill de Bedbuddy auswielen, wéi een Style dee soll hunn(standard, floral, boho - déi ginn Iech erkläert bei de Buddys) an ob dir en Numm drop wellt oder net. 

Dann könn dir Iech enner "Fabrics" äer Stoffauswahl zesummenstellen (w.e.g liest dofir ennert all Produit wéivill dat sinn) sou wéi et zu Iech an äerer Arichtung passt.

 

Bei Froen oder Onsecherheet zu Stoffkombinatiounen schréift eis gäer eng Email.