Bearbechtungszäit steet beim Artikel dobäi! an desem Zäit raum verschaffen mir der Reih no all commande! Bei deem engen dauert daat vläicht just 2 Wochen bei deem anren 3 oder 4, dat hänkt dovun oof wéini dir bestallt hutt - et geet bei eis emmer der Reih no.

Monster Schal

Musselinschal 

Musselinfaarwen fann dir bei Fabrics

Motiv: MeeKand Monster mat Hörncher a mat Beenecher an Schung aus Zottelplüsch, Nicki, Jersey 

 

80 cm laang 44cm vum enneschten Eck bis un den Hals

Einfach upassbar - einfach emschloen wéi op de Fotoen.

Verschluss: Knuet

Putsch kann individuell nach dru gemaach ginn wann gewönscht

w.e.g Musselinfaarw an Geschlecht uginn

29,95 €

  • ze kreien
  • Bearbechtungszäit 1-3 Wochen

Easy Beanie

aus Jer^sey

..uni oder MeeKand Egeproduktioun

..mat oder ouni Oueren.

Monstermutz mat oder ouni Haaren.

w.e.g Stofffaarw/Motiv uginn:

uni: hellgro, taupe, brong, mint, dusty mint, hellrosa, dusty rose

Motiv: little monster, leo mint, leo rosa, adore you

& Oueren/Haare jo oder nee

19,95 €

  • ze kreien
  • op Stock

Musselinschal simple

all Musselinfaarw méiglech

Dir fannt dess enner Fabrics - Musselin

laang Säit 80cm

kuerz Säit 55cm

 

bei de Packagen spuert dir vis a vis vun eenzel kaaftenen! 

 

18,95 €

  • ze kreien
  • Bearbechtungszäit 1-3 Wochen

Wollwalk Gilet

Dir liebt se esou - mir och

endlech sinn se rem do - eis Gilet'en aus Woll mat flotten Hierscht/Wanter Motiven.

  

Gilet aus 100% Woll Faarw uginn

Verschluss: Holzknäpp

Kapuz: Teddy(emmer natur) oder Jersey w.e.g uginn waat vu béidem -> bannen dran (Reck a Bauch) ass emmer Jersey

Faarwen Jersey: hell gro, dusty mint, oldrose, mint, ocker, wäiss, kupfer, taupe, schwarz, rosa, khaki

Fransen un der Kapuz: optional also w.e.g mat uginn ob dir der wellt oder net.

Motiv: Käscht, Champignon, Echelchen, Hues, Monster....

aanert Motiv: Hues, Ieselchen etc w.e.g kuerz mat eis Kontakt ophuelen - all eis Buddys hu mir och als Motiv

 

Bündchen un den Ärm: taupe, dusty mint, hellgro, rosa, ocker, dusty blue.

 

Faarwen vun der Woll kennen vun der Foto oofwäichen. 

Detailer wéi Blieder, Bäckelcher,..maache mir passend zum ganzen(mir maachen keng onreal pink Blieder oä - schaffen also emmer an den Faarwen vun der Natur. Wann dir gäer e Putsch ob äert Motiv oder Kapuz wellt dann muss dir och desen Wonsch w.e.g uginn.

Gitt w.e.g alles un wat mir brauchen - onvollständeg commanden daueren vill méi laang well mir Iech dann emmer rem zreck kontaktéieren mussen, an ob äer Äntwerten mussen waarden!

79,00 €

  • ze kreien
  • Bearbechtungszäit 1-3 Wochen

MeeKand Mantel mat flotten Motiver

Dir liebt se esou - mir och

endlech sinn se rem do - eis Mäntelcher aus Woll mat flotten Hierscht/Wanter Motiven.

 

 Mantel aus 100% Woll Faarw uginn

Verschluss: Holzknäpp

Kapuz: Teddy oder Jersey w.e.g uginn waat vu béidem -> bannen dran (Reck a Bauch) ass emmer Jersey

Faarwen Jersey: hell gro, dusty mint, oldrose, mint, ocker, wäiss, kupfer, taupe, schwarz, rosa, khaki

Fransen un der Kapuz: optional also w.e.g mat uginn ob dir der wellt oder net.

Motiv: Käscht hannen um Reck mat passenenden Blieder vir an hannen, Echel hannen um Reck mat passenden Blieder vir an hannen, zwee Champignon'en ouni Gesichter,  eenzelnen Champignon mat Gesicht oder

aanert Motiv: Hues, Ieselchen etc w.e.g kuerz mat eis Kontakt ophuelen - all eis Buddys hu mir och als Motiv

Bündchen un den Ärm: taupe, dusty mint, hellgro, rosa, ocker, dusty blue.

 

Faarwen vun der Woll kennen vun der Foto oofwäichen.

Detailer wéi Blieder, Bäckelcher,..maache mir passend zum ganzen(mir maachen keng onreal pink Blieder oä - schaffen also emmer an den Faarwen vun der Natur. Wann dir gäer e Putsch ob äert Motiv oder Kapuz wellt dann muss dir och desen Wonsch w.e.g uginn.

Gitt w.e.g alles un wat mir brauchen - onvollständeg commanden daueren vill méi laang well mir Iech dann emmer rem zreck kontaktéieren mussen, an ob äer Äntwerten mussen waarden!

 

92,00 €

  • ze kreien
  • Bearbechtungszäit 1-3 Wochen

Walk Overall

Walk Overall 

w.e.g Gréiss auswielen

Faarw vum Walk an der Infoskescht uginn 

Jersey Fudder an der Infoskescht uginn

hellgro, mint, dustymint, oldrose, rosa, taupe, brong, türkis, bordeaux, ocker, schwarz - w.e.g an der Kees uginn.

Bündchen: dusty mint, ocker, hellgro, taupe, schwarz, rosa

mat oder ouni kleng Oueren an der Infoskescht uginn

Motiv an der Infoskescht uginn 

 

nach emol am Detail: Gréisst hei auswielen an folgendes an der Infoskescht an der Kees uginn:

Walkfaarw

Jerseyfaarw

Bündchenfaarw

mat oder ouni Oueren

Motiv (zb - Kaweechelchen, Monster, ..)

 

den Overall besteht baussen aus Walk, bannen aus Jersey - Opbau wéi beim Mantel.

Hand a Foussbündchen. Kapuz mat oder ouni Oueren bzw Putsch oder Zipfelcher.

(alles wéi beim Mantel)

Verschluss, Holzknäpp natur.

 

 

69,95 €

  • ze kreien
  • Bearbechtungszäit 1-3 Wochen

College Jacket

Jacket aus 100% Woll Faarw uginn(eemol vir de Reck a vir an eemol fir d´Ärm - ausser dir wellt se just an enger Faarw. gitt et un)

Verschluss: Drockknäpp

Faarwen Jersey: hell gro, dusty mint, oldrose, mint, ocker, wäiss, kupfer, taupe, schwarz, rosa, khaki

Motiv: Monster, Käscht hannen um Reck, mat passenenden Blieder vir an hannen, Echel hannen um Reck,mat passenden Blieder vir an hannen, zwee Champignon'en ouni Gesichter, eenzelnen Champignon mat Gesicht oder oder oder..

aanert Motiv: Hues, Ieselchen etc w.e.g kuerz mat eis Kontakt ophuelen - all eis Buddys hu mir och als Motiv

Bündchen un den Ärm: taupe, dusty mint, hellgro, rosa, ocker, dusty blue.

 

Faarwen vun der Woll kennen vun der Foto oofwäichen.

Detailer wéi Blieder, Bäckelcher,..maache mir passend zum ganzen(mir maachen keng onreal pink Blieder oä - schaffen also emmer an den Faarwen vun der Natur. Wann dir gäer e Putsch ob äert Motiv oder Kapuz wellt dann muss dir och desen Wonsch w.e.g uginn.

Gitt w.e.g alles un wat mir brauchen - onvollständeg commanden daueren vill méi laang well mir Iech dann emmer rem zreck kontaktéieren mussen, an ob äer Äntwerten mussen waarden!

 

92,00 €

  • ze kreien
  • Bearbechtungszäit 1-3 Wochen

Champignon‘en können och amplaatz en donkelgroen, e rouden oder brongen Deckelchen kréien.

Musselinschal

Musselinfaarwen fann dir enner Stoffer "Musselin"

Verschluss: knieden

Motiv: Applizéiert a gestickt

MeeKanddesign

Motiver: Hues, Panda, Kéisécker, Maus, Elefant, Otter, Fuus, Wollef, Bär, Äisbär, Réi, Léiw, Eil, Leopard, Tiger, Af, Dachs, Flamingo, Kaz, Dino, Draach, Hippo, Koala, Lama, Mound, Kou, Pinguin, Pärd, Iesel, Einhorn, Schwäin

(weider Fotoen kommen no)

29,95 €

  • ze kreien
  • Bearbechtungszäit 1-3 Wochen

Wollwalk Puschen

aus 100% Woll

Gutt fir an der Poussette elo wou et méi fresch dobaussen gett, oder an der Drohhellef.

Bestoend aus Woll an Jersey

Bündchen: ocker, rosa, hellgro, dusty mint, dusty blue, taupe

net an der Machine wäschbar

Woll kann ausgeklappt, ausgebiicht(gett exra Biichten) oder ausgekratzt(einfach mam Fanger) ginn

 

Gréisst w.e.g auswielen

Faarwen uginn

15,00 €

  • ze kreien
  • Bearbechtungszäit 1-3 Wochen

Musselin Poncho

N E W - N E W - N E W

Musselin Poncho 

w.e.g Faarw uginn(déi aktuell StockFaarwen fann dir bei Fabrics - Musselin)

wielen ob Bär oder Hues

wielen welch Gréisst

 

wann den Numm drop soll kaaft hei ennert dem Produit w.e.g d´Personalisatioun an gitt en an der Kees mat un

 

Kapuz duebellageg

100% Baamwoll

 

2-4J:

Breed: ca. 70cm

Laang: ca. 60cm

 

5-7J:

Breed: ca. 80cm

Laang: ca. 70cm

 

op Stock & gett direkt no Zuelungsagang ofgescheckt

44,95 €

  • ze kreien
  • Bearbechtungszäit 1-3 Wochen

Personalisatioun Numm

Fir Musselin & Frottee Poncho

4,00 €

  • ze kreien
  • op Stock

Buedponcho

Buedduch aus 100% Baamwollfrottee

absolut flauscheg

Kapuzefudder aus Musselin

 

2-4J - 65*65

5-7J 75*75

 

30 Grad wäschbar 

 

w.e.g Faarw vum Musselin bei der Rubrik Stoffer auswielen an uginn.

 

an auswielen wéi een Poncho dir wellt

 

D'Ponchos hunn nie e Putsch oder eng Kroun - wann dir esou ee gäer drop/drun wellt hannerlosst eng note.

59,95 €

  • ze kreien
  • Bearbechtungszäit 1-3 Wochen