Waat ass e Bedbuddy? Als waat kann ech en notzen? Wéi wäschen ech en? Wichteg Infos.
E Bedbuddy ass den Upgrade vun engem einfachen Tour du lit. Wisou Upgrade? Ma ganz einfach, et benotzt een se vu 0-..
An net just am Bebebett. Vill vun eise klenge Clienten hunn hir nach als Teenies am Bett.
Eis Bedbuddys ginn hei a Lëtzebuerg hirgestallt.
Si bestinn aus villen verschidden Stëfter enner aanerem och eisen Egenproduktiounen.
Desen Ofwiesslungsräiche Mix aus verschiddenen Stefter sinn immens angenehm fir d'Sensorik vun de Kanner.
E Buddy ass emmer 2.5M laang
Hiren onverkennbaren MeeKand Kapp besteet gréisstendeels aus Frottee fir datt et och schéin mell a kuscheleg ass.
Applikatiounen an Elementer wei Aen, Nues etc sinn gestickt, applizéiert bzw. geplott an mat iwer 160 Grad drop gepresst datt se och déi 20t Wäsch gutt iwerstinn.
Bei richteger Handhabung könne si joerelaang bei Iech liewen an behaalen hiren super Zoustand
Wäschen kann een se bei normalen 30° Grad an och an den Trockner dirfen se, natirlech alles am Schoungang net datt et hinnen schlecht gett. w.e.g liest op de Labels un an am Buddy déi genau Handhab. Huelt äere Bedbuddy net auserneen fir ze wäschen.
Genotzt ginn eis Buddys ob vill Art a Weisen an och schon vun ganz fréi un.
Zb. als Trennschutz am Elterenbett, als Nestchen, als Tour am Babybay, am Parc als Tour, am Bebebett als Tour an och nach am Kanner a Jugendbett als Tour, Kessen bzw wann d'Bett widder enger Mauer steet an e bessen Sputt bleift, do fillen se sech och wuel a passen ob datt näischt hannendrun fällt.
Och gi mer oft gefroot ob eis Buddys dann gutt sinn fir a Bebebetter vue datt een oft liest datt een näischt bei Bebe a Klengkanner soll an d'Bett lee'en. Ganz kloer ass daat an eichter Linn den Elteren iwerloss! Keen Tour de lit, kee Petz, näischt(!) ass e Must am Bebebett!
Déi eng tesselen voll, déi aaner wellen näischt an der Geigend vum Kand hunn.
Richteg a falsch gett et do net, dat ass individuell a vun Kand zu Kand ennerschiddlech.
No baal 10 Joer hu sech onzähleg Buddys ugesammelt sou datt fir jiddereen eppes sollt dobäi sinn.
Och könn dir, en Style wielen (Blummeband, Fiederband) bei munchen Buddys wéi dem Hues och nach d'Fuerw, an eben ärer komplett Faarwwahl zesummenstellen. Esou hudd dir eng riiiieeeseg Auswahl an könnt äre Buddy och nach mam Numm vum Kand personaliséieren.
Well Kaddo'en déi personaliséiert sinn, einfach mat Häerz gemaach a verschenkt ginn an sou mat vill méi Bedéitung hunn.
Foto: Natascha Bintz
Mom, Model & Influenzer