Waat ass e Bedbuddy? Als waat kann ech en notzen? Wéi wäschen ech en? Wichteg Infos.

Eis Bedbuddys ginn hei an Lëtzebuerg vun eis hirgestallt.

Si bestinn aus villen verschidden Stëfter enner aanerem och eisen Egenproduktiounen ansonsten Kotteng, Cord, Musselin, Minky, Waffelpiqué,..

E Buddy ass emmer 2.5M laang 

Hiren onverkennbaren MeeKand Kapp besteet gréisstendeels aus Frottee fir datt et och schéin mell a kuscheleg ass.

Applikatiounen an Elementer wei Aen, Nues etc sinn gestickt, applizéiert bzw. geplott an mat iwer 160 Grad drop gepresst datt se och déi 20st Wäsch gutt iwerstinn.

Bei richteger Handhabung könne si joerelaang bei Iech liewen an behaalen hiren super Zoustand

Wäschen kann een se bei normalen 30° Grad an och an den Trockner dirfen se, natirlech alles am Schoungang net datt et hinnen schlecht gett. w.e.g liest op de Labels un an am Buddy déi genau Handhab. Huelt äere Bedbuddy net auserneen fir ze wäschen.

 

Genotzt ginn eis Buddys ob vill Art a Weisen an och schon vun ganz fréi un. 

Zb. als Trennschutz am Elterenbett, als Nestchen, als Tour am Babybay, am Parc als Tour, am Bebebett als Tour an och nach am Kanner a Jugendbett als Tour, Kessen bzw wann d'Bett widder enger Mauer steet an e bessen Sputt bleift, do fillen se sech och wuel a passen ob datt näischt hannendrun fällt.

 

Och gi mer oft gefroot ob eis Buddys dann gutt sinn fir a Bebebetter vue datt een oft liest datt een näischt bei Bebe a Klengkanner soll an d'Bett lee'en. Ganz kloer ass daat an eichter Linn den Elteren iwerloss! Keen Tour de lit, kee Petz, näischt(!) ass e Must am Bebebett! 

Déi eng tesselen voll, déi aaner wellen näischt an der Geigend vum Kand hunn.

Richteg a falsch gett et do net, dat ass individuell a vun Kand zu Kand ennerschiddlech.

 

Geféierlech Geigestänn befannen sech un eise Buddys net, alles ass festgebitzt, brodéiert oder mat extremer Hetzt drop geplott an hällt bei richteger Handhabung eiweg.

 

N a c h   w i e    v o r

sinn et Decoartikelen, an mir sinn dei Letzt déi engem opquatschen wellen datt dir ooonbedengt esou een braucht! Iwerzeegt Iech selwer, froot ronderem, kukt iech se un, froot eis gaer aus. Bekannt sinn mir haaptsächlech fir eis Buddys - daat sollt schon eppes heeschen.

 

Ech well nach mol beifügen wou mir schon dobäi sinn, eis Buddys sinn all(!) selwer entworf an och geschützt :-) (genee wei eis Designs, Motiver, .. daat waat eis ausmecht)

an baal 7 Joer hu sech onzähleg Buddys ugesammelt sou datt fir jiddereen eppes sollt dobäi sinn. 

Och könn dir, en Style wielen (Blummeband, Fiederband) bei munchen Buddys wéi dem Hues och nach d` Fuerw, an eben ärer komplett Faarwwahl zesummenstellen. Esou hudd dir eng riiiieeeseg Auswahl an könnt äre Buddy och nach mam Numm vum Kand personaliséieren.

Mee och fir déi Léit, déi et léiwer éichter einfach hunn - ganz ennen bei eisen Buddys fann dir och eng ganz einfach Rull ouni Kapp.

Foto: Natascha Bintz 

Mom, Model & Influenzer