Panel "adore you"

Eise Panel "adore you" aus eiser Wanterproduktioun 19/20 

Dëse Stoff besteet aus Bio Sommersweat, also eng Grëtz mei deck wei Jersey.

D Bild um Panel selwer (de Villchen am Kranz inkl. adore you Opschrëft) ass ca. 18cm grouss , de Panel a sech ass ca. 50cm bzw 1/2Meter op voll Breed (ca. 160cm) 

D'Ennergrondfaarw ass e warmen nude taupe, ronderem wäiss Tëppelcher a verschidden Deckten an d Bild ass esou placeiert datt och riets(um Ufank) genug Plaatz ass fir jeglech flott SelfmadeKleeder. Tshirt, Pullis, Jacketen.. lenks weider besteht de Panel reng aus dem warmen nude taupe Ennergrond an den Tëppelcher, an kann esou optimal fir Aerm oder Reck geholl ginn.

Bei enger Gréisst vun 80/86 geet ee Panel duer(fir e Plover etc), alles wat driwwer geet empfehle mir de ganze Meter - mat esoumat 2 Panel! 

Grad wann dir e Pullover mat Kapuz oder eng Jacket wellt domat maachen - rode mir e Meter!

 

Wéider Faarwen am Design selwer sinn gro, wäiss, schwarz, kupfer. En ass Kombineierbar mat allem an soumat och total unisex an Meedchen souwei Jungstauglech! Beispiller fann dir uewen bei de Fotoen. 

De Summersweat ass e Biostoff! D Prodkutioun kennt aus Hamburg vun enger bekannter Firma.

Den Design ass vu MeeKand an och um Stoff selwer nach emol um Rand vermierkt.

 

Ausgeliwwert gett den Adore you Enn November an de Virverkaaf geet virraussichtlech bis den 3.11.19

 

verscheckt gett mat engem follow me vun der Post - wöll dir eng bei eis an den Atelier siche kommen dann wielt dat w.e.g mat aus.

Kaddosbongen können net fir en Virverkaaf ageléist ginn.

9,25 €

  • de Moment net ze kreien

Kombistoff "adore you"

Passend zum Panel hu mir dëse Kombistoff am Jersey och komplett am unisex 

Ennergrond ass gro esou wéi de Bordure rondrem de Villchen um Panel bzw den Ennergrond ennert der "adore you" Opschrëft

D'Häerzelementer sinn an dem nude taupe Toun wei den Ennergrond vum Panel esou datt een d Faarwen emmer rem dran eremfennt.

Bewosst hu mir Panel a Kombistoffennergrond eng aner Faarw geweilt, esou hieft sech beides vun eneen of an et geseit och beim Kombineieren net no Pyjama aus - a passt awer als Ensemble perfekt zesummen.

Kombineierbar ass och dësen mat einfach allem, op rosa oder blo, mint oder giel, kupfer oder gro.. alles passt - wat en esou villsäiteg Asetzbar mecht an intressant fir beid Geschlechter. 

Och ass ganz intressant ze vermierken datt den Kombistoff och op der Kopp kann zouggeschnidd ginn - vue datt Villercher an d Opschrëft zu alle Säite gedreint ass spuert een hei oder do mol e puer cm Stoff well een net esou muss oppassen wei den Design gedreint ass.

Och de Kombistoff ass Biojersey a kennt aus Hamburg

 

Ausgeliwwert gett den Adore you Enn November an de Virverkaaf geet virraussichtlech bis den 3.11.19

 

verscheckt gett mat engem follow me vun der Post - wöll dir eng bei eis an den Atelier siche kommen dann wielt dat w.e.g mat aus.

Kaddosbongen können net fir en Virverkaaf ageléist ginn.

 

9,50 €

  • de Moment net ze kreien